Dir wëllt gären héich qualitatiivt Geméis kafen ? D’Konsuméieren vun lokalen Friichten an Geméis ass wichteg fir Iech ?
Dann kommt an entdeckt eis saisonal Friichten an Geméis an eisem Shop. Eis Produkter stinn prett zur Consommatioun, vun eis gewäsch an verpak. ProActif erméiglecht Iech all Dag ob en néits frësch Produkter vun eisem eegenen Bioubau ze genéissen.
Eis Offer variéiert am Laf vun der Saison ; Hei fannt Dir schonn emol en puer Exempelen vun eisen Produkter an den jeeweilegen Präisser :
Produit | Präis |
---|---|
Eecheblat (/Stéck) | 2,49 € |
Gréng Laitue (/Stéck) | 2,49 € |
Knuewelek (/Stéck) | 0,91 € |
Gréngen Mangold / kg | 4,77 € |
Wuerzelen am lassenen / kg | 3,20 € |
Knollenzellerie ouni Blieder / kg | 3,12 € |
Wäissen Kabes / kg | 2,82 € |
Spinat / kg | 12,87 € |
Fenschel / kg | 6,30 € |
Rout Zwiwwelen / kg | 4,24 € |
Péiterséileg kraus / botte | 1,94 € |
Porretten / kg | 4,47 € |
Gromperen « Nicola » / kg | 2,95 € |
Réidercher / botte | 2,40 € |
Tomaten / kg | 4,99 € |
Molbieren 125 gr. | 2,99 € |
(kéng vollstänneg Lëscht)
Mir sinn iwwerzeegt vun der Qualitéit an dem Goût vun eisen Produkter. Dowéinst beliwweren mir och eis eegen Kichen mat eiser eegener Produktioun.
Dësen Qualitéitsniveau steet am Mëttelpunkt vun eiser alldeeglecher Preoccupatioun. Reegelméisseg Kontrollen ginn vum Kontrollverein zu Karlsruhe sou wéi och vun Bio Lëtzebuerg duerchgefouert fir Iech d’Qualitéit kënnen ze garantéieren.
Zéckt net an ënnerstëtzt en lokalen Produzent aus Ärem Ëmkrees. Kommt gären bis laanscht an eist Geschäft zu Contern.
ProActif fonktionnéiert wéi eng Firma aus dem Privatsecteur an ass am Registre des sociétés ënnert der Nummer F816 ageschriwwen