ProActif sicht fir säin Projet 'Jardinage' een :
Coordinateur technique (m/w)
CDI 40St/W (réf.: SRT0820)
Loun laut Kollektivvertrag
Är Missioun
- Dir organiséiert a geréiert eise Projet ‘BIO-Geméisubau’ esou wéi och d'Formatioun vun den do affektéierte Leit
- Dir plangt a geréiert d’Produktioun
- Dir sidd zoustänneg fir d’Gestioun vum Stock an de Commanden
- Dir organiséiert a plangt ons Präsens op de Mäert
- Dir beherrscht d'Reegelen vun der Hygiène an der Sécherheet
Äre Profil
- Titulaire vun engem DAP (am Geméisubau oder Akerbau) oder equivalent mat enger Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun vun op mannst 3 Joer
- Pädagogesch a relational Kompetenzen fir mat Leit an der Resozialiséierung ze schaffen
- Organisatoresch Kompetenzen a d’Fäegkeet eng Équipe ze féieren
- Mannschaftsgeescht an Eegeninitiativ
- Kenntnisser vun den übleche Sproochen
- Titulaire vum Führerschäin B
D'Kandidaturen si per courrier interne mat der Referenz wéi och engem detailléierten CV, rezenter Foto an dem Casier n° 3 a 4 un :
ProActif asbl
Département RH
5 rue Läiteschbaach
L-5324 Contern
oder per E-mail